Fondation EnovosLoterie NationaleFLBBMartin BiverImmobilière Abby ToussaintTracol Construction S.A.C. JansFC WiltzLogo RFCUL

Présentation

Mir stellen Iech eis Équipe vir, déi e wéineg anescht as…

Wéi eisen Numm ‘Special Olympics’ ët schon seet, si mir sportlech aktiv,
mee mir hun Regelen, déi speziell fir eis ugepasst sin.

 

Dir frot Iech secher wat bei eisen Athleten esou besonnesch as:
mir sin e wéineg anescht, wéi Dir dat vun deenen aneren Sportler
gewinnt sid
Hei e puer Aussoen:
ech laafen gäer,
kann awer nët esou schnell wéi di aner
ech kann gudd Basket spillen,
mee ech kréien meng Schong
nët eleng gestréckt,
sou dass se de ganze
Match zou bleiwen
ech spillen gäer Dëschtennis,
mee ech muss ëmmer mein Trainer froen,
wien gewonnen huet
ech spillen Fussball
a schéissen vill Goaler,
awer ech kann se nët zielen
Fir dat mir och eng Chance hun trotz eisem
Handicap géint aner Équipen ze spillen dofir hun mir Partner.
Dat si Jongen a Medercher aus reguliären Équipen déi Freed
hun fir mat eis zesummen ze trainéieren an ze spillen.

Awer mir hun alleguer Freed um Sport! Mir gin regelméisseg op Traininger an hun d’Méiglechkeet bei groussen Sportsmanifestatiounen deelzehuelen.

Wann dir virwëtzeg sid, oder Loscht hutt och bei eis matzemachen,
kommt emol kucken oder meld Iech bei eisen Traineren.