Participatioun um Leopard-Ultratrail Mullerthal 2024

16th September 2024

club logo

Special Olympics Luxembourg

Dëse Sonndeg ass den Eike Schroeder um Leopard-Ultratrail Mullerthal 75 km gelaf, mat der Ënnerstëtzung vum Roland Leider, engem Special Olympics Luxembourg Coach.

Um 4 Auer an der Nuecht huet de Rol den Eike am Hotel ofgeholl, an zesummen si se fir de Start op d'Heringer Mille gefuer.

Um 5 Auer war den Depart.

Et war stackdäischter a gutt kal.

Op jidderengem vun de 6 Ravitaillement wor de Rol present an en huet dem Eike ëmmer nees Mutt gemaach, mat him geschwat wärend den Eike kuerz Paus gemaach huet an sech gestäerkt huet.

Obwuel den Eike zweemol gerutscht a gefall ass, huet hie konzentréiert Kilometer ofgespullt.

Hien ass um zwou Auer iwwert d‘Arrivée gelaf. Hien war nach top drop, an huet sech riseg gefreet. Den Eike hat sech als Ziel gesat, ënnert 9 Stonnen ze lafen. Dëst huet hie gepackt mat 8.59.54.

Den Eike gouf vum Simone Kayser, déi méi wéi ee Marathon des Sables gelaf ass, speziell op der Arrivée empfaangen, a krut eng Medail als Unerkennung vu senger groussaarteger Leeschtung

Bravo Eike!

Liste des résultats - 8. Leopard UTML ULTRATRAIL MULLERTHAL - Long-Trail - 75 km.pdf

image
image
image
+6
image