No enger laanger Summerpaus ware mir, Athleten, Coachen a Betreier, frou eis rëmzegesinn! Et gouf vill ze erzielen!
No dem leckeren Iesse vum Marc a sengem Team, hott d'Gaby all de Sportler merci gesot, fir hir Motivatioun an hire Spaass ob de wéchentlechen Trainingen! E Merci goung awer och un d'Elteren a Betreier aus de Foyeren, déi d'Sportlerëmmer ob den Training bréngen, an deen Dag vum Generaltraining fest an hirem Kalenner hunn!
Zum Schluss gouf et vun de Sportler dann nach ee groussen Applaus fir hir Coachen a Betreier, déi all Woch fir Sie do sinn, an ofwiesslungsräich Trainingen halen! D'Cathia huet am Numm vun de Sportler, all de Betreier nach ee Kadoiwwerreecht! D'Betreier waren iwwerrascht a ganz dankbar fir dëse léiwe Geste, dee beweist, dass hiren Engagement gewierdegt gëtt!
Domat gouf dunn ee ganz flotten Owend ofgeschloss a mir fänke voller Freed aMotivatioun d' Saison 2024/25 un!