Walfer Vollekslaf 2024
7th October 2024
Special Olympics Luxembourg
E Sonndeg de 6ten Oktober waren 11 Leefer vum Special Olympics Laftreff fir de Walfer Vollekslaf ugemellt.
Leider konnten de Ruben an de Rol net matlafen, si sinn am Moment verletzt. Awer mam Luc hate mer eng gutt Hëllef.
Un der Teamfoto musse mer nach schaffen 😅 , awer d 'Waarmlaafen am Grupp huet tipptopp geklappt. Gutt opgewiermt si mer dunn un de Start gaangen.
D'Sylvia, de Laurent an de Willy si 5 km gelaf.
Den Eike, Timo, Ronny, Luc, Ryan, Paul a Jean-Luc hunn 12 km an Ugrëff geholl.
Ënnerwee goufen se all vun de Coachen ugefeiert an duerno op der Arrivée erwaart.
Et gouf nëmmen zefridde Gesiichter iwwert Toppresultater.
Mir freeën eis elo schonns op Walfer 2025.
5 km:
- Rosseljong Laurent 29.55
- Splicks Sylvia 31.15
- Tchantchou Willy 33.42
12km:
- Schroeder Eike 48.40
- Ney Timo 52.02
- Kontz Ronny 53.48
- Klonski Luc 1.02.21
- Vittorelli Ryan 1.02.21
- Rota Pol 1.11.05
- Zossong Jean-Luc 1.30.26