Journées des Jeunes Espoirs vum Swimming Club le Dauphin Ettelbruck

21st October 2024

club logo

Special Olympics Luxembourg

10 Athlethen vu Special Olympics Luxembourg hate Samschdes, den 19.10.24 RDV zu Ettelbréck fir eng kleng Kompetitioun am Kader vun de Journées des jeunes espoirs (JJE) vum Swimming Club le Dauphin Ettelbruck (SCDE) am Schwammen.

Et waren 2 Serië vu 50m  Freestyle.
Serie A:
     1. Nuno Semelhe (Zäit: 1:31:82)
     2. Carmen Hertz ( Zäit: 1:33:95)
     3. Daniel Borges ( Zäit 2:34:51)
(Leider kuerzfristeg ofgemellt goufe Santer Laure a Rausch Carole)

Serie B:
     1. Max Konsbrück (Zäit 48:23)
     2. Bruno Ribeiro Duarte (1:04:96)
     3. Michel Werdel (1:13:38)
     4. Yann Braun (1:16:19)
     5. Mario Harpes ( 1:20:55)

Wärend mam Max, Mario, Michel, Nuno a Carmen 5 AthletInne scho Wettkampferfarung haten, war des Competitioun eng grouss Première fir den Daniel, de Bruno an de Yann. Si hunn dat awer super gemeeschtert a perséinlech gutt Zäiten eraus geschwomm. 

Fir d’Carmen, den Daniel, de Mario an de Max war des Competitioun eng lescht Generalprouf fir Monaco, wou si vum 25.10.-28.10.24 um Princesse Charlène Special Olympics Monaco European Swimming Meeting deelhuele wäerten. 

Jiddereen huet säi Bescht ginn an enger Schwämm, déi struppevoll mat jonke Schwëmmer/inne vun nationalen an internationale Schwamm-Veräiner war (550 Umeldungen!) Eis Athlete goufe laut staark vun hinnen ugefeiert. 

Zum Schluss gouf jidderee mat enger wuelverdéngte Medaile belount.

Encadréiert goufe si vun de Coachen Lara Garson, Nathalie Hertz-Roettgers,  Aly Braun an Nico Hertz

E grousse Merci dem SCDE fir d’Invitatioun an dem Mireille Zimmer fir déi gutt Zesummenaarbecht bei der Koordinatioun.

20241019_Resultats_SOL Schwammen zu Ettelbréck.pdf

image
image
image
+4
image